Studentefoire goes digital

Den LSRM ass haut an muer op der virtueller Studentefoire vertrueden. Dir fannt eisen Stand iwwer folgenden Link: https://studentefoire-goes-digital.lu/fr/stand/visiting/143

Programme Tournoi de Noël

En Freiden, den 27. Dezember spillt den LSRM um Tournoi de Noël am Basket géint d‘Studenten vun Köln, Tréier, Bonn an aus Holland.

Den Tournoi ass ab 9 Auer um Campus Geesseknäppchen. Den LSRM spillt an der Haal vum Athénée de Luxembourg.


Assemblée Générale 2019

En Donnechten den 5. Dezember war d’Assemblée Générale vun dësem Joër, wou bei engem gudden Iessen an puer Pätt den néien Comité gewielt gouff


Assemblée Générale 2019

Léif Rhein-Mainer,
Et gëtt sou lues ërem Zäit fir eis alljährlech Assemblée Générale ofzehalen. All Infos dozou fannt dir hei


Wunnengssich zu Frankfurt

Du hues dech nei zu Frankfurt op der Uni ungemellt an bas verzweifelt op der Sich no enger Wunneng oder engem WG Zemmer?
Hei fenns de puer Tipps, wéis du am Beschten eng Wunneng zu Frankfurt fenns


Studentebal 2019

Desst Joër haten mir een Stand mat den Studete vu Saarbrecken an vun Düsseldorf. Mir freeën eis schon op d’nächst Joer!


Mainhattan Intercercle

Den Weekend vum 18. an 19. Mee haaten mir Besuch vun Studenten aus den ennerschiddlechsten Stied, déi sech d’Haaptstaat vun eisem Cercle unkucken koumen. Bei engem flotten Rally an engem oder dem aneren Patt hunn mir hinnen Frankfurt gewissen an daat gudd Wieder genoss.

Mir soen nach eng Kéier een decke Merci un jiddereen, deen den Wee op Frankfurt fonnt huet, fir mat eis een flotten Weekend ze verbréngen!

Mir hoffen, Iech nächst Joer erëm ze gesinn!

Ären LSRM-Comité


Mainhattan Intercercle

Den LSRM invitéiert op den Mainhattan Intercercle, den 18. -19.05.2019! Um Programm stinn Samsdes eng Visite vum Maintower, een Rally duerch Frankfurt souwéi Grillen um Main mat unschléissender Party zu Alt-Sachsenhausen.
Sonndes ginn mir brunchen an loossen d’Intercercle gemittlech auskléngen.


Student fir 1 Dag 2019

Geschter hun 13 Schüler sech op den Wee gemaach fir sech d’Liewen an d’Studéiren zu Frankfurt unzekucken. 
No enger Visite vun der Frankfurt University of Applied Sciences, ass eisen Tour weider gaangen mat enger Präsentatioun vun der Goethe Universtät.
Duerno gouff et eng Stärkung an der Mensa Casino an d’Schüler haaten d’Geleegenheet sech den Campus Westend méi genau unzekucken. 
Zum Schluss war nach bessen Fräizäit um Programm, vun där déi meescht profitéiert hun, fir sech nach puer schéin Platzen zu Frankfurt weisen ze loossen an fir daat gudd Wieder bei enger Glace ze genéissen.

Mir hoffen dass d’Schüler een schéinen an informativen Dag zu Frankfurt verbruecht hun, an dass mir deen een oder deen aaneren nächst Joer remgesinn!


Student fir 1 Dag 2019

Léif Schüler an Studenten,

Den LSRM mëcht och dësst Joer ërem beim Student fir 1 Dag mat. Hei hutt dir d’Geleegenheet, verschidden Frankfurter Universitéiten an Héichschoulen ze gesinn an firgestallt ze kréien. Doniewt weisen mir Iech d’Staat Frankfurt an mir ginn Iech een Ableck an d’Studenteliewen, wou dir zu all Moment d’Geleegenheet hutt fir är Froen ze stellen.

Mir hoffen, dass dir eis hei zu Frankfurt besichen kommt, fir dass mir Iech d‘ Staat, déi verschidden Unien an eisen Cercle présentéiren kënnen.
All weider Informatiounen zu Unmelldung fannt dir ënner: https://acel.lu/inform/student-fir-1-dag

Ären LSRM


Tournoi de Noël

Mir kënnen stolz behaapten dass mir beim Tournoi de Noël vun der ACEL den Loser Cup gewonnen hun.
An engem spannenden Eelefmeter-Krimi konnten mir eis géint d‘Studenten vun Heidelberg duerchsetzen. 
Domat kennt den LSRM am Schlussklassement op déi 21. Plaatz (vun 26).
Een décke Merci geet un déi Leit déi matgespillt hun an un eis Supporteren, déi eis geschter um Geesseknäppchen ënnerstetzt hun!


Programm Tournoi de Noël

En Freiden, den 28. Dezember spillt den LSRM um Tournoi de Noël géint d’Studenten vun Berlin, vun der LUNEX, aus Holland an vun München.
Den Tournoi ass ab 9 Auer um Campus Geesseknäppchen. Den LSRM spillt an der Haal vum Lycée Michel Rodange. Mir freeën eis op all Ennerstetzung!