Frankfurt ass eng Groussstad an gëtt oft, iertemlecherweis, fir d’Haaptstad vun Hessen gehalen. Allerdéngs, ass et déi gréissten Stad an Hessen, an déi 5. gréisst Stad an Däitschland mat ronn 736.000 Awunner. Vu Lëtzebuerg aus brauch een normalerweis bis zu 3 Stonnen mam Auto, mam Zuch dauert et gären mol 4 Stonnen.
Déi grouss Fläch ass an 47 Staddeeler ënnerdeelt, ënnert anerem Westend, Bockenheim, Niederrad, Riedberg an Ginnheim wou sech déi 5 Campi vun der Goethe-Universitéit befannen.
Niewt der Goethe-Uni (www.uni-frankfurt.de) ginn et nach:
Fir ze wunnen, sinn d’Staddeeler Westend, Sachsenhausen, Bockenheim, Bornheim an Riedberg beléift, mee vill Studenten fannen ausserhalb méi bëlleg Wunnengen. D’Wunnsituatioun zu Frankfurt ass net déi einfachst. Vue, datt den Loyer zimlech héich ass, sinn Wunngemeinschaften dacks beléift.
Eenzelwunnengen kritt een, wann een mat Zäiten un ass, an vill Gedold matbréngt, ab 500-550€, fir eng Kummer an enger WG gezillt een ongeféier 450€. Et ginn vill Studentewunnheemer vum Frankfurter Studentenwerk, wéi och vill privater. Den Problem ass do just dei laang Waardezäiten vun iwwert engem Joer hun, beziehungsweis dass déi privat oft iwwerdéiert sinn. 
Zu Bockenheim, Nordend, an der Innenstadt oder och zu Sachsenhausen kann een Owes gemittlech an zu studenteschen Präisser eppes Iessen goen. Altsachsenhausen ass den Party-Véierel vun Frankfurt. An deenen schmuëlen Gaassen ginn et eng sellechen Méiglechkeeten fir een Patt drenken ze goën. 
Veranstaltungen an Volleksfester ginn et zu Frankfurt immens vill. D’Frankfurter Messe, d’Oper, Theateren, Concertshalen, Muséeën an aner Infrastrukturen bidden een enormen variabelen Programm un, wou fir jiddereen eppes dobäi ass. D’Frankfurter Buchmesse am Oktober, d’international Autosausstellung IAA am September, de Chrëschtmaart oder den Frankfurter Karneval am Februar sinn just puer Beispiller, vun bekannten Events zu Frankfurt. Wat een zu Frankfurt och op kee Fall däerf verpassen sinn déi vill Stroossefester am Summer. Dozou gehéiren ënnert anerem d’Schweizer-Straße-Fest, d’Freßgassfest an d’Opernplatz-Fest.
Béi guddem Wieder kann een och schéin laanscht den Main spadséieren goen, mam Vëlo fueren oder sech mat Kollegen laanscht d’Waasser setzen, wou een eng wonnerschéin Vue op déi eemoleg Frankfurter Skyline huet.
D’Weltstad Frakfurt ass souwuel national wéi international gutt vernetzt. Et gëtt een vun de gréissten Fluchhäfen vun der Welt, an deen ass mat der S-Bahn an 10 Minutten vum Hauptbahnhof ze erreechen. Och mam Zuch oder mam Auto huet een séier een Weekends-Trip an eng sëllechen aner däitsch Stied gemaach, dank der zentraler Lag vun Frankfurt. An der Staat selwer ass een mam Tram, der U Bahn oder mam Bus séier iwwerall, mee och mam Vëlo ass een séier vun A op B. 
Vu Lëtzebuerg aus brauch een normalerweis bis zu 3 Stonnen mam Auto. Mat der Bunn dauert et leider länger, ongeféier 4 Stonnen.
Frankfurt ass also souwuel fir ze Liewen, wei och fir ze Studéieren eng attraktiv Stad an gëtt oftmools ënnerschätzt.
Aliénor Vidali – Ethnologie am 4. Semester, Goethe Universität