Darmstadt ass méi schéin wéi säin Numm sech villäicht unhéiert an leit puer Kilometer südlech vun Frankfurt. Mat ongeféier 41.000 Studenten bei enger Awunnerzuel vun 155.000 kann een bei Darmstadt schon vun enger sougenannter Studentestad schwätzen. Mat enger Distanz vun knapp iwwer 200km leit Darmstadt net all ze weit fort vun Lëtzebuerg. Trotzdeem sinn nëmmen ongeféier 20-30 Lëtzebuerger Studenten hei, sou dass een éischter mat net-lëtzebuergeschen Studenten an Kontakt kennt an och bleift.
Anerersäits leit Darmstadt relativ an der Mëtt vum Rhäin-Mäin-Gebitt, sou dass een bequem mam Zuch an ongeféier enger décker hallwer Stonn zu Mainz, Frankfurt an Wiesbaden kann sinn.
Fir ze studéieren gëtt et:
Domadder ass den gréissten Deel vun den Studiëgäng ofgedeckt, woubäi awer keen Medezinstudium ugebueden gëtt. Mee ouni Medezinstudium huet een dann och méi Zäit fir déi sëllech Fräizäitaktivitéiten. Dobäi ginn vun der Universitéit selwer puer Dosen verschidden Sportaktivitéiten ugebueden, woubäi der vill och gratis sinn.
Soss huet Darmstadt och gutt Méiglechkeeten fir vum Léieren ofzeschalten, zum Beispill d’Krone, eng Bar mat Livemusek, wou ëmmer eng super Ambiance ass oder fir erofzekommen kann een och an den Herrngarten goen, den gréissten an eelsten Park aus der Stad.
Fir ze wunnen kritt een zu Darmstadt eng WG’en tëschent 300-450€ an eng kleng Eenzelwunneng kritt een ab ongeféier 450€. Mee et muss een bei der Wunnengssich fréi un sinn, well et net sou einfach ass ëmmer eng ze fannen an dann bléiwen eben just nach déi richteg deier Wunnengen iwwreg.
Marc Schon – Maschinnebau am 9. Semester, TU Darmstadt