Mainz ass mat sengen 214.000 Awunner ronn 220 km wäit vun Lëtzebuerg fort.
Déi bekanntsten Unien zu Mainz sinn:
Den Loyer zu Mainz läit an der Moyenne tëschent 300-400€. Eng vun den beléiftsten Wunngéigenden ass Neustadt. Do wunnen vill Studenten, et ass een direkt an der Stad an et ginn relativ gutt Verbindungen op d‘Uni.
Déi schéin Lag um Rhäin, wou een am Summer gutt kann grillen goen mëscht d’Stad immens attraktiv. Mainz ass eng Studentestad wou ëmmer iergendeppes lass ass. D’Stad ass relativ iwwersiichtlech, sou dat een sech séier wuel an bal wéi doheem fillt. Gläichzäiteg ass een an enger hallwer Stonn zu Frankfurt wann een mol een Dag an enger Groussstad well sinn.
Mam Gutenberg Museum der Stephanskirche mat den Chagallfënsteren, dem Mainzer Dom, der Rheinpromenade an dem Volkspark huet Mainz vill Sehenswierdegkeeten ze bidden, net ze vergiessen den bekannten Mainzer Rosenmontagszug, een vun den gréissten Ëmzich an ganz Däitschland.
Isabelle Ohles – Germanistik, Bachelor Ofschloss, Johannes Gutenberg-Universität Mainz