Wiesbaden ass d’Landeshaaptstad vun Hessen. Et ass déi zweetgréissten Stad aus Hessen an huet ongeféier 290.000 Awunner.
Vun Lëtzebuerg aus sinn et ongeféier 215 km (also fiert een sou em déi 2 Stonnen fir bis dohin mam Auto). Direkt niewendrun läit Mainz, wouhin een just 10 min mam Zuch brauch. Och Frankfurt ass net all ze wäit ewech. Et brauch een mam Auto eng hallef Stonn an mam Zuch och net vill méi laang.
Unien an Héichschoulen zu Wiesbaden sinn:
Och wann Wiesbaden keng Milliounen Awunner Stad ass, huet et ganz vill ze bidden. Déi meescht Leit fannen et eng vun deenen schéinsten Stied aus der Géigend. En plus, well et keng grouss Stad ass, kann een praktesch alles ze Fous oder mam Vëlo maachen (oder natierlech och mam Bus).
Am Summer gesäit een vill Leit einfach am Park fir ze chillen oder eng Glace ze iessen. Awer och am Wanter kann een sech an een vun deenen gemittlechen Caféen setzen an do een Patt drénken goen oder eppes fir d´Uni schaffen. Och um Nerobierg soll et extrem schéin sinn, och wann ech perséinlech nach net Zäit hat bis dorop ze fueren.
Well Wiesbaden awer eng relativ kleng an beléift Stad ass, ass et schwéier eng Wunneng ze fannen. Meeschtens huet een Besichtegungen mat villen Leit an do muss de dann hoffen dass een Chance huet an d’Wunneng kritt. En plus ass et eng relativ räich Stad, wat een natierlech och un den Wunnengspräisser mierkt. Et kann een soen dass een eng Wunneng mat em déi 35 m² fir ronn 500 € kritt.
Kim Marson – International Management am 4. Semester, Hochschule RheinMain