Gießen as mat sengen 72 km2 dei 7. gréissten Staat an Hessen. Vun deenen 86.000 Awunner sin ronn 37.000 Studenten, domat huet Gießen déi hechsten Dicht un Studenten an ganz Däitschland. Vun Letzebuerg aus fiert een ongeféier 2h50 (266km) bis op Gießen. Ronderem leien Stied wei Marbung (30km), Wetzlar (12km) oder Frankfurt am Main (70km).
Déi bekanntesten Unien zu Gießen sin:
  • Justus-Liebig-Universität Gießen (uni-giessen.de)
  • Technische Hochschule Mittelhessen (thm.de)
  • Hessische Hochschule für Polizei und Verwaltung (hfpv.de)
  • Freie Theologische Hochschule Gießen (fthgiessen.de)
Am Summer fennt een vill Studenten un der Lahn oder aaneren Séien, fir do ze entspaanen oder Kanu ze fueren. All Joer as am August och een Jam-Festival um Silbersee. Donierwt kann een och Waasserski oder Wakeboard fueren goen am Zentrum Heuchelheim, waat net wait wesch as vun Gießen. Ronderem Gießen gin et soss och nach vill Buergen an Muséen, déi een besichen kann, sou wei een „Kletterwald“ an den éelsten Botaneschen Gaart aus Däischland. Kellerkneipen déi ze empfehlen sin, sin den Haarlem, Monkey´s an den Ulenspiegel.
D’Aalstaadt as mat 65.000 Bewunner déi populärsten Wunngéigend, aaner Géigenden déi och nach ze empfehlen sin, sin Wieseck, Kleinlinden, Allendorf an der Lahn, Rödgen, Lützellinden. Den Staatzentrum as doduerch sou attraktiv, dass een alles mam Velo oder zu Fouss erreechen kann, mee och an deenen aaneren Staatdeeler léisst et sech gudd wunnen, duerch gudd Busverbindungen zum Zentrum an den Universitéiten. Et huet een iwwerrall gudd Ankaafsméiglechkeeten an d’Staat huet allgemeng immens vill ze bidden a Punkto Natur.
Gießen as eng relativ kleng Staat am verglach zu den däitschen Groussstied, mee well et immens vill Studenten do gin, sin d’Loyers-Präisser och méi niddreg. Wéi an all Staat as den Loyer am Zentrum méi déier, mee et gin an all den Staatdeeler vill WG’en an Eenzelwunnengen, déi am bezuelbaren Beräich leien, zB fir eenzel Wunneng vun 28m2 an zentraler Laag bezillt een em déi 420€.
Jackie Riwers – Tiermedizin am 4. Semester, Justus-Liebig-Universitéit Gießen