Marbuerg läit am Häerzen vun Hessen, ronn 90km vun Frankfurt am Main fort an ass vum Floss Lahn duerchkräizt. Vun Lëtzebuerg aus sinn et em déi 320 km an et fiert een ongeféier 3 Stonnen bis dohinner. An der Alstad fënnt een vill Fachwierkheiser, Caféen, studentenfrëndlech Kichen an virun allem een schéint Landgrafenhaus wat net ze iwwersinn ass.
D’Philipps-Universitéit (https://www.uni-marburg.de/de) ass am Joer 1527 gegrënnt ginn an huet am Summersemester 2017 eng ronn 25.500 Studenten konnten zielen. Dobäi huet d’Stad selwer just eng ronn 75.000 Awunner an däerf sech dowéinst mat Recht Universitéitsstad nennen.
D’Uni selwer bitt ganzer 16 Fachberäicher wéi Wirtschaftswëssenschaften, Rechtswëssenschaften, Medezin oder och Pharmazie un. Dobäi sinn d’Unisgebaier duerch déi ganz Stad verdeelt an och op den bekannten „Lahnbergen“ ze fannen, där héchster Biergketten an Hessen.
Dësen Wanter ass och déi nei Universitéits Bibliothéik opgaangen mat ronn 2.5 Milliounen Bicher (E-books net matgezielt). Den Wunnmarché ass zimlech saturéiert. D‘ Präisser léien tëschent 250-600€ pro Mount. Fir 150€ kann een bei Verbindungen wunnen, mee dat ass net ze recommandéieren. Gutt Véirelen fir ze wunnen sinn d’Uewerstad, den Südvéirel, an der Géigend vun der Mensa oder dem Cineplex. Den Bahnshofsviertel huet och säin Charme, bitt vill WG’en an zudeem kritt een zu all Minutt een Bus fir an Stad selwer. Trotzdeem ass een op keen Auto oder Bus ugewisen well et ass alles bis op d’Lahnbergen gutt mam Vëlo ze erreechen.
All Semesterufank kann een sech fir déi breet gefächert Sportaktivitéiten umellen, do ass awer den Motto „den Éischten ass fir“ ugesot. Fir Fussballbegeeschtert Leit gëtt et och nach d‘ „Bunte Liga“, wat am Summer een Zuschauermagnéit ass.
A Propos Sehenswierdegkeeten, hunn mir d’Elisabethkirche, d’Landgrafenhaus, etlech Muséeën, den Botaneschen Gaart an fir all Student am Summer een Muss: d’Lahnufer. D‘Lahnufer ass usech den Hotspot fir Studenten, als Treff op een Béier, Warm-Up oder zum gemittlechen BBQ. An der Woch ginn dann natierlech och vill Caféen an der Uewerstad selwer, déi deelweis bis 5 moies op hunn an etlech organiséiert Studentenpartys oder och WG-Partys.
Marbuerg ass eng offen an tolerant Stad wat een ënnert Anerem un der grousser Unzuel auslännescher Studenten gesäit.