Idstein ass eng Stad am Rheingau-Taunus-Krees an Hessen. D’Stad huet ronn 28.000 Awunner an 80 km². Idstein läit nërdlech vun der Landeshaaptstad Wiesbaden an vun Lëtzebuerg aus fiert een ronn 240km.
Den alen Stadkär ass zimlech kleng an gezeechent duerch eng Villfalt vun opwänneg bemoolten an verzierten Fachwierkhäiser, un deenen déi rheinesch Aflëss op déi hessesch-fränkesch Fachwierkbauweis däitlech gemaach ginn. Aner Sehenswierdegkeeten zu Idstein sinn d’Unionskirche, déi kathoulesch Porkierch St. Martin, d’Residenzschlass, d’Buerg an den Hexentuerm.
D’Héichschoul Fresenius zu Idstein bitt 49 Studiëgäng un, dorënner 29 Bachelor an 20 Master-Studiëgäng. (www.hs-fresenius.de)
Den Duerchschnëttsloyer läit bei 450€. Een gudden Typ ass d’Studentenwunnheem, daat am Nassau Véierel läit, wou een gutt Akafsméiglechkeeten huet an d’Héichschoul erreegt een vun do aus zu Fouss an 10-15 Minutten.
Kim Godart – Ergotherapie am 6. Semester, Héichschoul Fresenius