Lëtzebuerger Studenten Rhein-Main

Am Dezember 2008 ass d’a.s.b.l. „Lëtzebuerger Studenten am Rhein-Main“ gegrënnt gi vun 3 Lëtzebuerger déi zu Frankfurt studéiert hunn. Mir waren interesséiert drun, déi aner Lëtzebuerger an der Regioun kënnen ze léieren a wëllen dëst Gebitt méi bekannt maache well et sech hei, sou wei mir deemools fonnt hunn, gutt studéiere léisst.

Zum LSRM gehéieren d’Stied Frankfurt, Darmstadt, Mainz, Wiesbaden, Gießen, Marburg an Idstein.

An der Tëschenzäit si mir zu 4 am Comité an hunn och eng Rei interesséiert Memberen. No bal 10 Joer kann een soen, dat mir fest ënnert deenen aneren Cerclen etabléiert sinn. Mir sinn an de leschte Joren um Studentebal vun der ACEL derbäi gewiescht an hunn eis Präsenz och op groussen Evenementer wei der REEL gewisen. Außerdem hun mir och eis eegen Intercercle. Mir treffen eis reegelméisseg an de verschiddene Stied fir zesummen op Eventer, op de Chrëschtmaart oder einfach nëmmen fir zesummen een Patt Äppler drenken ze goen.

Mir freeën eis iwwert all neit Gesiicht dat mir an eisem Cercle begréisse kennen, also zéckt net, eis ze kontaktéieren, oder einfach mol op engem vun eisen Events laanscht ze kommen.

Ären Comité