
Ei Gude wie,
Den LSRM invitéiert Iech op säin Mainhattan Intercercle den 18. an 19. Mee zu Frankfurt. Als Cercle, deen vill Stied an der Rhein-Main Géigend ëmfaast, wëllen mir Iech den Zentrum vun eiser Regioun weisen.
Treffpunkt ass um 12:00 fierum Frankfurter Hauptbahnhof. Dann maachen mir eis op den Wee bei den Hostel, wou all déi Leit ënnerkommen, déi eng Schloofplaatz zu Frankfurt brauchen.
Direkt duerno leeën mir lass mat eisem Tour duerch d’Staat. Fir d’ éischt ginn mir den Maintower, en Héichhaus mat enger Panoramaplattform op iwwer 200 m, besichen. Duerno maachen mir een Rally duerch d’ Staat, wou sech ënnerscheedlech Ekippen bei lëschtegen an sëffegen Spiller op verschiddenen Statiounen duelléiren kënnen. Gläichzäiteg gesitt dir déi schéinsten Ecker déi Frankfurt ze bidden huet, ënnert Aanerem d’Alte Oper, den Römer, déi nei Aalstaat an den Eiserner Steg.
Vun der leschter Statioun aus geet et weider op d’Licht- und Luftwiese, eng Grillplaaz déi direkt um Main läit. Do kënnt et dann zum Showdown vun eisem Rally, wou den Gewënner gekréint gett.
Duerno gett gegrillt, an et ass natierlech och ërem fir genuch Gedrénks gesuergt. Den Reen kann eis hei keen Strëch duerch d’ Rechnung maachen, well mir sinn mat genuch Zelter an Pavillonen équipéiert! No engem herrlechen Sonnenënnergang mat Vue op déi eenzegarteg Frankfurter Skyline, weisen mir Iech dann wéi zu Altsachsenhausen gefeiert gëtt.
Moies um 11:00 ginn mir zesummen an den Café Extrablatt op der Bockenheimer Warte brunchen a loossen d’ Intercercle gemittlech auskléngen.
Iwwersiicht:
Programm vum 18. Mee 2019
12:00 Treffpunkt beim Hauptbahnhof Frankfurt
12:30 Check-in A&O Hostel Frankfurt-Ostend
13:00 Visite Maintower
14:30 Rally duerch d’Staat
17:00 – 21:00: Grillen an Firdrénken um Main zu Frankfurt-Niederrad
Ab 21:00 Party zu “Alt-Sachs”
Programm vum 19. Mee 2019:
10:30 Auschecken am Hostel
11:00 Brunch am Extrablatt op der Bockenheimer Warte
Präisser:
D’ Intercercle kascht 15€, do ass d’Entrée vum Maintower, den Rally, d’Gedrénks vum ganzen Nomëtten (Apfelwein, Béier, Softdrinks) an d’ Grillen mat dran. Fir LSRM-Memberen ass d’ Intercercle gratis.
Den Hostel kascht 30€ an hei hutt dir d’Gewessheet, dass dir just mat aaneren Leit vum Intercercle an enger Kummer schloft, an net mat Friemen.
Den Brunch am Café Extrablatt kascht 13€.
D’Gedrénks Owes zu Alt-Sachs ginn op äer eegen Käschten.
Umellen kënnt dir iech bis den 5. Mee iwwert eisen Online Formulaire.
Link: https://goo.gl/forms/6mie6rkBi5sGoEdx2
Sot eis do w.e.g. Bescheed ob dir am Hostel schlooft an/oder mat brunchen gidd, fir dass mir iwwerall genuch Plaazen reservéiren kënnen.
!! D’ Umellung ass réicht definitif, wann d’ Suen op eisem Konto ukomm sinn !!
Konotinhaber: LSRM ASBL
Kontonummer: IBAN LU30 0019 2955 7935 4000 (BCEE)
Mentioun: “Numm, Virnumm – Intercercle Frankfurt” (D’ Participatioun fir d’ Intercercle, den Hostel, an fir den Brunch w.e.g. zësummen iwwerweisen).
Bei weider Froen kennt dir Iech gären bei den eenzelnen Comitésmemberen oder iwwer info@lsrm.lu mellen.
Mir frëen eis op Iech
Äeren LSRM-Comité
Zousätzlech Infos:
Maintower: https://www.maintower.de/
Licht-und Luftbad Frankfurt: http://www.lilu-frankfurt.de/
Extrablatt: https://cafe-extrablatt.de/standorte/details/cafe-extrablatt-frankfurt-bockenheim/
A&O Hostel Frankfurt Ostend: https://www.aohostels.com/de/frankfurt/frankfurt-ostend/
Fotoen vum leschten Joer: Mainhattan Intercercle 2018