
Léif zukünfteg Rhein-Mainer
Vu dass mir an leschter Zäit ganz vill Froen zum Wunnen am Rhein-Main Gebitt an virun allem zu Frankfurt kruten, sinn hei nach eng Kéier déi wichtegsten Informatiounen zesummegefaasst.
Zu Frankfurt sinn d’Staddeeler Westend, Nordend, Bockenheim, Bornheim, Riedberg an virun allem Sachsenhausen beléift, mee vill Studenten fannen och ausserhalb méi bëlleg Wunnengen. D’Wunnsituatioun zu Frankfurt ass net déi einfachst. Vue, datt den Loyer zimlech héich ass, sinn Wunngemeinschaften dacks beléift.
Eenzelwunnengen kritt een, wann een mat Zäiten un ass, an vill Gedold matbréngt, ab 500-550€, fir eng Kummer an enger WG gezillt een ongeféier 450€. Leider sinn d’Präisser an deenen leschten Joren immens staark an d’Luucht gaangen. Et ginn och vill Studentewunnheemer vum Frankfurter Studentenwerk, wéi och vill privater. Den Problem ass do, dass déi vum Studentenwerk laang Waardezäiten vun iwwert engem Joer hunn, bezéiungsweis, dass déi privat oft iwwerdeiert sinn.
Fir Wunnengen ze fannen, ginn et verschidden Méiglechkeeten. Eng gutt Optioun sinn déi sëllechen Facebook Gruppen (Wohnungen Frankfurt, WG & WOHNUNG in Frankfurt am Main, Wohnungen mieten, vermieten, kaufen & verkaufen in Frankfurt am Main,…), well d’Leit do oft privat hier Wunnengen ubidden, an d’Kontaktopnahm méi einfach ass, wéi iwwert Immobilienagencen. Donieft ginn et och vill Internetsäiten (Immonet, Immowelt, WG-gesucht, Immobilienscout24,…) déi Wunnengen ubidden. Zu gudder Lescht kann een säin Gléck och um schwaarzen Briet um Campus Westend probéieren, wou een och mol Wunngeleegenheeten fannen kann.
Weider Informatiounen an Tipps zum Wunnen an Studéieren am Rhein-Main Gebitt fannt dir op eiser Websäit.