Léif Rhein-Mainer,
Et gëtt sou lues ërem Zäit fir eis alljährlech Assemblée Générale ofzehalen. Mir treffen eis dofir dësst Joer am Textor zu Sachsenhausen op een Owesiessen, woufir dir Iech denmächst unmellen kënnt. Duerno ginn mer dann op den Chrëschtmaart een Patt drenken.
Dir fannt hei all déi wichteg Informatiounen zu der Assemblée. Jiddereen ass wellkomm, bedenkt awer, dat der just als Member (Memberkarten kennt der zu all Moment nach kafen) kennt mat ofstemmen, an ierch opstellen fir de Comité.
Bei weider Froen oder Interesse, fir selwer an den Comité ze kommen, kënnt dir Iech zu all Moment bei engem vun den Memberen mellen.
Weider Informatiounen zu der Unmelldung fannt dir an eisem Facebook Grupp. (https://www.facebook.com/groups/lsrm.cercle/?source_id=148756919278393 )
Ären LSRM Comité
