Léif Rhein-Mainer
En Donnechten war d’Assemblée Générale vun dësem Joër, wou bei engem gudden Iessen an puer Pätt den néien Comité 2019/20 gewielt gouff:
Présidentin: Anna Jacobs
Vice-Président /Trésorier: Charel Back
Secrétaire: Philipp Bleckenwegner
Design: Anja Kohl
Events: Joel Braun
Sponsoring: Christophe Tholl
Cooptés: Jil Steyer, Benjamin Kinn, Luca Santostasi
Op dësser Plaatz géiffen mir gären eisem aalen Président dem Yannick Weber een decken Merci soen fir sain laangjähregen Asaatz fir den LSRM als Comitésmember an als Président!
Een decken Merci geet och un d’Aliénor Vidali, waat eis déi lescht Joren als Comitésmember gutt ënnerstetzt huet.
Zu gudder Lescht begréissen mir nei am Comité den Philipp Bleckenwegner, deen den Posten vum Sécrétaire anhellt, den Joel Braun, deen sech em d’Events kemmeren wäert an eis Verbindung op Darmstadt duerstellt, sou wéi den Christophe Tholl, Resposablen fir den Sposoring an eis Korrespondenz op Mainz.
Mir freeën eis op een erfollegräicht Joër mat villen flotten Aktivitéiten an op eng gudd Zesummenarbecht!
Ären Comité 2019/2020
